„Distillerie Miny – e Familljebetrib zënter 1895“

Traditioun

D’Distillerie Miny ass zënter 1895 e Familljebetrib vu Papp op Jong a 5. Generatioun, deen zu Noumer gegrënnt gouf an och haut nach do usässeg ass.

Mir begréissen Iech an eiser Brennerei voller Geschicht an Traditioun, a mat engem breede Sortiment u Branntewäin a villes mei.

...

Qualitéits-Drëppen no traditionneller Rezeptur

D’Famill Miny stellt hier Produkter mat Uebst aus eegene „Bongerten“ hier oder keeft aus regionalem Ubau bäi.
D’Uebst gëtt an der hauseegener Brennerei verschafft a mat vill Know-How zu qualitativ-héichwäertegen Drëppe gebrannt.
...

Famill Miny

Distillerie Miny kann ëmmer op Rendez-vous besicht ginn, an d’Visiteure sinn natierlech invitéiert eis Produkter ze schmaachen!

...

Rezept

De Waarme Willi: Bal wéi Glühwäin, just nach méi fruuchteg a besser.

Fir eng Portioun:

  • 3-4cl Williams-Bieren Drëpp vum Miny
  • 100ml Äppel-Bierejus
  • Anäis + Kanéil

PREPARATIOUN VUM „WAARME WILLI“

Den Äppel-Bierejus mat Anäis a Kanéil an engem Dëppe waarm maache bis de Saaft no de Gewierzer schmaacht a bal kacht.

De waarme Jus an e Becher ginn an 3-4cl Williams-Bieren Drëpp vum Miny dobäischëdden. Et ass wichteg, dass Dir de Willi elo net méi am Dëppen erhëtzt, well e soss bei den héijen Temperaturen den Alkohol verléiert.

Stousst mat Kolleegen un a genéisst mat Vernonft! Prost!

...